DT 95 Feelen

Als President vum DT 95 Feelen hun ech d’Freed an d’Éier Iech op eisen 1. ‘Wikingerschach on the Beach‘ den 29.09.2019 zu Feelen anzelueden.

Firwat Wikingerschach?
Mir haten dëst Spill wat fir Grouss a Kleng, Jonk an Al passt op der Belscher Plage entdeckt, wou et mat grousser Freed an vill Andrang ausgeübt gouf.
Wéi den Zoufall spillt huet d’Gemeng vu Feelen de Sportskomplex ausgebaut an ënner
anerem 2 Beachvolleyballterrainen ugeluecht. An sou koum d’Iddi op esou en Tournéier um Sand, zesumme mam Veräin vun de Sportsdeddëssen, z‘organiséieren.

Den Dëschtennis Feelen gouf 1995 gegrënnt. Hien zielt haut 16 Memberen an as e feste Bestanddeel vum Duerfliewen. Mir hun 2 Equipen déi an der 3. resp. 4. Divisioun spillen.
Et stinn nieft eise Matcher all Joers 3 Haaptmanifestatiounen op eisem Kalenner, eisen Tournoi `Warkdall‘, de mir lo scho fir d’24. Kéier mat vill Erfolleg ofhalen. Dann `Coupe de la Wark‘ wou et ëmmer eng Freed as mat 4 Equipen aus eise Nopeschgemengen Ettelbréck, Welschent-Grousbous-Mäerzeg ëm den Titel ze spillen. Last but not least, eng aussersportlech Manifestatioun, eise Nationalfeierdag, wou mir zesumme mat de ‘Feelener Jongen’ fir Iessen an Drën-ken nom Te Deum suergen.

Wat eise Veräin auszeechent as déi gutt Kollegialitéit ënnert eis all. Dëschtennis ka vu
klengem un bis an den héijen Alter gespillt gin an erlaabt de Spiller vun all Alter sech ze begéinen a sportlech mä och geselleg Momenter mateneen ze verbrengen. Wann dir elo Iddi kritt hutt fir eng Kéier `schnupperen‘ ze kommen, si Dir härzlech agelueden a wëllkomm bei eis am Veräin.

Ech wënschen Iech alleguerten vill Spaass op eisem 1.ten `Wikingerschach on the Beach‘ datt mir kënnen zesummen e flotten a sportlechen Dag zu Feelen genéissen.


Pol Majerus
President DT95 Feelen

-------------------

Sportsdeddessen a.s.b.l.

D’Sportsdeddessen asbl ass eng Associatioun aus der Nopeschgemeng Buerschent. Mir hunn eis viru knapps 10 Joer gegrënnt, mat der Iddi, och no der Uni nach zesummen ënner Kollegen, an enger agreabeler Ambiance, Sport ze maachen, ouni sech awer op eng bestëmmte Sportaart ze limitéieren. Den Treffpunkt, a gläichzäiteg de Siège social vun der a.s.b.l., déi mëttlerweil ronn 75 Memberen zielt, ass de Sporthotel Leweck vu Lëppschent.

D’Zil vun eiser asbl ass awer och, fir zesummen un Aktivitéite vun aner Veräiner an asblen deelzehuelen, wéi zum Beispill um 24 Stonne Vëlo Wëntger oder op de Beachdays am Kiischpelt, an awer och selwer Evenementer ronderëm de Sport ze organiséieren …

An deem Sënn proposéieren d‘Sportsdeddessen den 1. Wikingerschach-Turnéier am Sand, deen zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt.  Zesumme mat eise Kollege vum Dëschtennis 95 Feelen, organiséiere mir den 29. September um neie Beachvolleyballsite, direkt nieft dem Fussballterrain zu Feelen, dëse flotten Turnéier fir all Wikingerschachspiller, ob Kenner oder Ufänger.

Vu datt dat e Spill fir jiddereen ass, an och ëmmer méi u Popularitéit gewënnt, geet et eis haaptsächlech drëm, eng flott Familljemanifestatioun ze organiséieren, wou de Spaass an eng gutt Ambiance am Mëttelpunkt stinn, a mat eisem “Wikingerschach on the Beach”-Turnéier dës Sport-aart nach méi bekannt ze maachen ….

Dofir kommt och Dir bis laanscht a loosst Iech vum Wikingerschachvirus infizéieren. Fir Iessen a Gedrénks an Attraktioun fir déi Kleng ass natierlech beschtens gesuergt.

 

Pascal Leweck
President vun de Sportsdeddessen